De Syndicat d’Initiative aus der Gemeng Jonglënster engagéiert sech a villen Beräicher vum Gemengeliewen.

Sief et d’Verschéinerung vun den Dierfer mat Blummen oder einfach den Encouragement fier d’Haiser mat Blummen ze verschéineren. Duerch de Concours «Villages Fleuris» ginn all Joer déi Haiser aus den 12 Dierfer vun der Gemeng mat de schéinste Blummen mat engem Präis ausgezeechent.

De Syndicat restauréiert Weekräizer an den Dierfer vun der Gemeng. 2010 hu mir och d’Wopen beim Schmitzbur an der Buerg erneiere gelooss.

Am Numm vun der Gemeng organiséiere mir all zwee Joer de Jumelage-Dag mat eiser Partnerschaftsgemeng Üdersdorf.

All Joer maache mir e Kalenner deen un all Member vum Syndicat verdeelt gëtt.

Fir den Syndicat ass et wichteg mat den aneren Veräiner aus der Gemeng zesummenzeschaffen. Dowéinst kënnen d’Veräiner Verkafsstänn, Zelter an Eisekucheneisen beim Syndicat léinen.

Ausserdeem organiséiere mir all Joer divers Manifestatiounen. Méi Informatiounen iwwert dës Manifestatiounen stinn ënnert deenen respektive Rubriken.

Villages fleuris