International Konschthandwierker-Deeg an der Buerg

Zënter 1981 organiséiere mer all Joer am Juni während zwee Deeg d'Konschthandwierkerdeeg an der Buerg. International Konschthandwierker stellen hir Aarbechten am Duerf an am Schlass vu Buerglënster aus, déi een natierlech och kafe kann. Et kann een hinnen och bei hirer Aarbecht iwwer t'Schëller kucken. 

Et huelen iwwert 100 Konschthandwierker un den Deeg deel. D'Iddi ass datt all Aussteller säin Handwierk haaptberufflech mécht. Et sinn verschidde Beräicher aus dem Konschthandwierk vertrueden, ënnert anerem Keramik, Bijouen, Textilveraarbechtung, Aarbechten am Holz, Metall an Lieder.

Fir d'Iessen an d'Drénken suergen d'lokal Veräiner.

- Flyer
- Parkplazen a Navette zu Jonglënster (Enn Mee online)
- Verkéiersplang Buerglënster (Enn Mee online)